Kulturhaff Millermoler in Hinkel/Luxemburg
Genießen Sie in unserer Teestube biologische Teesorten, sowie weitere Produkte auf biologischer Basis.In der Bibliothek finden Sie u.a. regionale Literatur.Bioprodukte aus den luxemburgischen Naturparks, sowie aus dem Ausland finden Sie in unserem Shop zum mitnehmen.

An eiser Téistuff bidde mir iwwer 50 verschidde biologesch Téizorten un. Dës kann een net nëmme schmaachen, ma och kafen. Natierlech bidde mer och de lëtzebuergeschen Téi vum Séi un.

Wien ower nëmmen dann Téi drénkt, wann e krank ass, dee kritt och gären e Biotransfairkaffi vun der Dieschbourger Millen zervéiert. Des Weidere fënd een op eiser Kaart och Béier, Wäin, Jus an aner Softdrinks.

Eis Pâtisserie an d’Brout entsteet op biologescher Basis, genee esou ewéi e groussen Deel vun eise Plate, déi ee bei eis genéisse kann. Mir bidde Biofleesch un a versichen esou wäit et méiglech ass, nëmme mat lëtzebuergesche Produiten ze kachen.

Eng kleng Bibliothéik an eiser Téistuff bidd eise Gäscht d’Méiglechkeet sech e Buch auszeléinen an et an aller Rou ze liesen.

Eis Téistuff bidd Plaz fir ongeféier 30 Leit. Um éischte Stack befënd sech nach e Sall fir max. 50 Persounen.

Am Summer lued eng gemittlech Terrass virun der Dier an, fir e puer flott Stonnen bei guddem Wieder do ze verbréngen.

An eisem Shop bidde mir regional, lëtzebuergesch a biologesch Produiten un. Gären informéiere mer Iech iwwert déi regional Produiten aus dem Mëllerdall. Natierlech fannt Der bei eis och aner Produiten aus Lëtzebuerg, esou eng ganz Rei vu Saache mat dem Label „vum Séi“ oder dem Ourdaller Label.

Dës Produiten hunn de Virdeel, datt si net nëmme vun héiger Qualitéit sinn, ma och nach zum Deel no biologesche Kriterien ugebaut ginn. Nierwent de lëtzebuergesche Produiten hu mer nach eng ganz Rei auslännesch Bio-Produiten an eisem klenge Shop.

Kulturhaff Millermoler · 13, rue Girsterklaus · L-6560 Hinkel/Rosport · Tel. 0 03 52/53 27 73 · Fax 26 74 30 78 · isip(at)pt.lu