Kulturhaff Millermoler in Hinkel/Luxemburg
Wir bieten ein abwechslungsreiches Programm – nicht nur für Kinder …Aktionen für Erwachsene und Kinder, sowie Themenabende und verschiedene Aktivitäten stehen das ganze Jahr auf unserem Programm.Der Jahrezeit entsprechend gestalten wir im Kultrhof Millermoler unsere Veranstaltungen.
Regelméisseg Terminer
• All éischten Dënschten am Mount: openen Atelier
Kanner an Erwuessener kënnen op den Haff kommen fir a gemitllecher a flotter Ambiance zesummen ze bastelen, ze molen, ze chillen. Ab 14 Auer 30 steet d'Dier op fir jiddereen.
Normal Participatioun: 3 Euro

• All leschte Sonnde vum Mount: Kaffëteg
Loosst Iech e bësse verwinnen a genéisst e Moien bei eis um Haff. Kaffi drénken a lues an de Mëtteg erakommen. Ab 10 Auer sinn eis Diren op an da gëtt et vill Guddes aus der Regioun an aus Lëtzebuerg a Bio-Produiten.
Präiss: Kanner no Alter gestaffelt, Erwuessener 15,50 Euro

Aktivitéiten:
• Bitz-Café: all éischte Samschte vun 9–12 Auer gëtt gebitzt, jiddereen ass wëllkoum op Ufänger oder schonns hallwe Profi

• Kannergebuertsdeeg: Kommt a feiert bei eis. Mir informéieren Iech gären iwwert eis verschidde Méiglechkeeten
• Atelieren fir d’Kanner: Iwwert d’Joer gesinn, organiséiere mer erëm Aktivitéiten fir déi Kleng. Dës Aktivitéite ginn iwwert déi lëtzebuergesch Press ugekënnegt.

 

Couren:
Op Wonsch an Umeldong kënne folgend Couren ugebuede ginn:
• Stréckcours
• Bitzcours
• Lachyoga
• Lëtzebuergesch
• Filzcours


Wann Dir gäre regelméisseg iwwert eis Couren an eise Programm informéiert gitt, da schéckt eis eng Mail op isip@pt.lu a verpasst näischt méi, wat bei eis leeft.


>> ABRËLL 2017    
     
14. Abrëll, 10–11 Auer 30   Ouschtereeër fierwen
Kuerz virun Ouschteren gëtt et elo Zäit d'Ouschtereeër ze fierwen, dëst mat Ënneschuelen a Biofaarwen.
Em 10 Auer geet et lass.
Dauer: 90 Minutten
Präiss: 7,50 Euro (½ Dozen Eeër an eng kleng Ouschteriwwerraschong)
15. Abrëll, 15 Auer 30   Ouschtereeërsich fir d’Kanner
Et ass d'Zäit d'Ouschtereeër ze sichen. Mir treffen eis dozou em 15 Auer 30.
No der Sich drénke mer zesumme gemittlech eppes an iessen e Stéck Kuch.
Präiss: Kanner 18 Euro (½Dosen Ouschtereeër, Tiitchen, Kado, Kuch a Gedrénks), Erwuessen 5 Euro (Kuch a Gedrénks)
16. Abrëll, ab 11 Auer   Ouschteren um Kulturhaff Millermoler
Ab 12 Auer gëtt zu Dësch gebieden. Wien Ouschtere keng Loscht huet ze kachen, ass bei eis gutt versuergt. Eng Zopp fir unzefänken, dono e regionalen Teller als Entrée. Uschléissend Ragout oder Ham, Gromperen an Zalot. Fir ofzeronnen en Dessert mat Kaffi.
Präiss: Kanner 5,50/9,50 Euro (je no Alter), Erwuessen 32,40 Euro
     
>> MEE 2017    
     
14. Mee, ab 9 Auer 30   Billerbuch-Kaffi
Gemittlech Kaffi drénke mat der Famill, ouni Stress an an engem flotte Kader.
Dobei mat senge Kanner molen, Geschichten erzielen an erzielt kréien a sech einfach op déi flott Momenter mat senger Famill konzentréiere kënnen.
19. Mee, ab 19 Auer   Eröffnung um Kulturhaff Millermoler
Aweiong vun dem neie Gebei (19 Auer) mat Vernissage vun enger Ausstellong mat Fotografien (19 Auer 30).
20. Mee, ab 14 Auer 30   Kanner-Atelier: Kéis maachen
All Kand mécht säin eegene Kéis a wann d'Wieder et erlaabt, da gi mer och dem Bauer seng Kéi kucken. Et gëtt vill Wëssenwertes iwwert d'Mëllech an de Kéis. E flotten Atelier fir d'ganz Famill.
Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro
Dauer: 2–3 Stonnen
21. Mee   10 Joer Kulturhaff Millermoler
Mir feieren eisen 10 Gebuertsdag. Mëttegiessen mat Gebuertsdagskuch.
25. Mee   Transfairdag op Christihimmelfahrt
Produiten aus dem fairen Handel. Moieskaffi mat Produiten aus dem fairen Handel an aus dem ökologeschen Ubau. (Umeldong erfuerderlech)

Ab 14 Auer Desserten mat Produiten aus dem fairen Handel. (keng Umeldong erfuerderlech)
27. Mee, 15 Auer   Kanner-Atelier: Kraidergaart an der Këscht
All Kand mécht säin eege klenge Gaart mat Kraider a Blummen.
Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro
Dauer: 2 Stonnen
 
>> JUNI 2017    
     
6. Juni   Sprangprozëssioun
Nom Sprangen ass den Honger grouss, dir braucht nach regional Produiten, dir braucht e bësse Rou fir Iech z'erblosen? Da kommt bei eis laanscht
9. Juni, 15 Auer   Kanneratelier: Seefenatelier
All Kand mécht sech eng eege Seef. Da mécht et och Spaass sech ze wäschen an et kann ee sech och emol knaschteg maachen.
Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro
Dauer: 2 Stonnen
24. Juni, 11 Auer   Kanneratelier: regional Produite schmaachen + kachen
D'Kanner léiere Produiten aus der Regioun Mëllerdall kennen ower och aus eisen zwee aneren Naturparken. Zesumme gëtt dann eng Pizza gemat an eng Kraiderlimonad.
Präiss: pro Kand 18 Euro, Erwuessener bezuelen d'Iessen an d'Gedrénks
Dauer: 2 Stonnen
     
an der grousser Vakanz
10–11 Auer 30
  Summerprogramm fir d’Kanner:
Dënschtes: Molen a Bastelen – all Woch en anert Thema
Mëttwochs: Pabeier maachen
Donneschtes: openen Atelier
Freides: Bastele mat Makramé oder Pärelen
Samschtes: Pizza maachen (geet eréischt um 11 Auer un)
Vergiesst net, iech fir déi verschidden Deeg w.e.g. unzemellen.
     
>> JULI 2017    
     
16. Juli, 9 Auer 30   Billerbuch-Kaffi
Gemittlech Kaffi drénke mat der Famill, ouni Stress an an engem flotte Kader. Dobei mat senge Kanner molen, Geschichten erzielen an erzielt kréien a sech einfach op déi flott Momenter mat senger Famill konzentréiere kënnen.
29. Juli, 18 Auer   Grillowend
Ufank: 18 Auer mat Apéro. Dono: de Grill bitt vill
     
>> AUGUST 2017    
     
19. August, ab 18 Auer   Kiermesbal zu Hénkel
Ufank: 18 Auer – ouni Umellong
20. August, ab 11 Auer   Kiermes zu Hinkel
Apéro ab 11 Auer – Mëttegiessen – Hämmelsmarsch ouni Umellong
 
>> OKTOBER 2017    
     
7. Oktober, 18 Auer 30   Fiederwäissen-Owend
Schmaacht de Fiederwäissen vu Rousport a genéisst Flammkuchen oder Quiche.
21. Oktober   Krimilesung
Ouni Umellong, fräien Entrée
28. Oktober, 14 Auer   «Trauliicht» – Ateliere fir d’ganz Famill – owes Fakelwanderung
Flott Aktivitéiten em de Kürbis, Atelieren, Geschichten, Molen, … E flotten Dag fir déi ganz Famill.
31. Oktober   «Trauliicht» – Programm – owes Fakelwanderung
 
>> NOVEMBER 2017
     
18. November   Hierkenowend
 
>> DEZEMBER 2017
 
2. Dezember   Träipenowend
10. Dezember, 15 Auer   Krëschtliesong fir déi Kleng
De Wanter ass d'Zäit vun de Geschichten. E flotten Nomëtte fir d'Kanner mat e puer schéine Geschichten aus neie Bicher an engem Stéck Kuch an eppes ze drénken.
Präiss: Kanner 7,50 Euro, Erwuessener: 5 Euro
och ouni Umellong méiglech
15. Dezember   Adventsowend
21. Dezember, 15 Auer   Krëschtbastelen
D'Kanner bastele kleng flott Saachen fir Krëschtdag, dëst an enger flotter Ambiance mat Krëschtmusek. Zesumme mat hiren Elteren erliewe si e puer flott Stonnen.
Präiss: pro Kand: 17,50 Euro, Erwuessener 6 Euro
Dauer: 3 Stonnen
 
Umellen a weider Informatiounen kritt Dir bei eis iwwert den Telefon 53 27 73 oder per E-Mail: isip@pt.lu







































































































































































































Kulturhaff Millermoler · 13, rue Girsterklaus · L-6560 Hinkel/Rosport · Tel. 0 03 52/53 27 73 · Fax 26 74 30 78 · isip(at)pt.lu